- LocationLuxembourg
-
IndustryReal Estate & Construction
Du bass motivéiert, hues e puer Joer Beruffserfarung, an wëlls dech weiderentwéckelen an un interessanten Sujete schaffen déi eist Land impaktéieren ?
Dann ass dëst d’Opportunitéit fir dech, fir Deel ze ginn vun engem renomméierten Cabinet mat familiärer Struktur deen sech säit bal 20 Joer permanent vergréissert a weiderentwéckelt. Gesicht gëtt e Consultant deen Deel soll ginn vun enger kompetenter a pluridisziplinärer Equippe.
De Cabinet huet eng staark Renommée am Grand-Duché, als Spezialist un der Säit vun de Lëtzebuerger Gemengen an dem Secteur Public. De Cabinet proposéiert en Encadrement an eng Plus-Value bei der strategescher Planifikatioun an der ekonomescher Finanzgestioun zu Sujete wéi dem nohaltegen Developpement an enger eco-responsabeler Gestioun vun de Gemengeprojete.
De gesichten Kandidat :
- Huet mindestens 3-5 Joer Beruffserfarung, idealerweis an der Gestioun vu Projete, am Immobiliëberäich, am Kontext vum Secteur Public, oder och nach am Beräich vun de erneierbaren Energien ;
- Maîtriséiert Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch
- Huet eng staark Maîtrise vun der Office Suite an informateschen Outils (Word, Excel, Powerpoint, gestion de bases de données) ;
- Huet excellent redaktionell an Kommunikatiouns-Kapazitéiten ;
- Weess sech z’organiséieren an autonom ze schaffen ;
- Huet en entrepreneuriellen Geescht an ass innovativ ;
- Gett gutt an enger Equippe eens ;
- Huet staark analytesch Kapazitéiten ;
- Ass ambitiéis a well sech weiderentwéckelen.
De Posten ass zu Miersch a bitt folgend Atouten un:
- Eng Remuneratioun déi dengen Kompetenzen an denger Performance entsprécht
- Eng flott familiär Atmosphäre vu kompetenten Aarbechtskolleegen déi als Equippe zesummen schaffen
- Eng staark Entwécklungskurb duerch interessant, stimulant Projete zu innovativen Sujeten
- D’Méiglechkeet sech ze beweisen an permanent weiderzeléieren.
Du fills dech ugesprach ? Da mell dech a mir verzielen dir méi…
